© Unsplash
Och beim Waasser loosse soll fir Gläichberechtegung gesuergt ginn!
Et ginn tatsächlech Momenter do wënscht Fra sech e Mann ze sinn. Meeschtens kommen déi Momenter wann ee ganz dringend op d’Toilette muss an dat op enger ëffentlecher Plaz wéi zum Beispill op engem Festival, op engem Bal oder baussen op engem Fest. Éiweg laang steet ee meeschtens an der Schlaang a wann een da mol un der Rei ass muss ee sech och nach iwwerleeë wéi ee sech am beschten uleet fir sech net ze vill ze eekelen. D’Toilettëpabeier op de Rand leeën, sech driwwer hocken oder awer de Risiko agoen a sech tatsächlech sëtzen? Egal wéi ass Waasser loossen ausserhalb vun den eegene veier Wänn seelen eng angeneem Erfarung fir Fraen.
Genee dat wëll Olvedie aus Berlin änneren, an zwar mat dem Missoir, de weibleche Pendant zum Pissoir! Dëst ass en Urinal fir Fraen ouni Waasserverbrauch a soll et de Fraen erliichtere sech selwer ze erliichteren. Déi nohalteg a praktesch Toilette ka mobil sinn oder och fest agebaut ginn. Et soll déi séier Alternativ zu de Kabinne sinn an niewebäi och nach hygienesch si well um Missoir selwer kee Kierperkontakt zu der sanitärer Anlag hiergestallt gëtt.
Ob dës Iddi wierklech esou gutt ukënnt an den Toilettegang revolutionéiere wäert, dat bleift ofzewaarden. Sech net méi iwwert d‘Toilett huppen, keen Ofdecke vun der Schossel an och keng kilometerlaang Schlaang virun de Kabinne klengt fir vill Fraen awer bestëmmt no enger interessanter, wann och ongewéinlecher, Initiativ…