© PASCAL GUYOT / AFP
De Miwwelgigant Ikea huet mat engem aussergewéinleche Video op d´Thema vun der Gewalt am eegene Stot opmierksam gemaach.
Mat engem Horrorvideo op den tschechesche Senderen huet de schwedesche Miwwelproduzent Ikea op e wichtegt Thema opmierksam gemaach, d´Gewalt doheem. Vun Ikea heescht et, datt Gewalt am eegene Stot vill ze oft ignoréiert gëtt. Doheem si soll e Gefill vu Sécherheet an net vun Angscht an Aggressioune sinn.
Eng Ëmfro huet rausfonnt datt 73 Prozent vun de Fraen an Tschechien des Thema fir e grousse Problem halen iwwer dat ze mann geschwat gëtt. Bei de Männer waren et just 50 Prozent.