D'Police hat ee gréisseren Asaz zu Saarbrécken, dat weinst engem Fotoshooting.

Ee 26-järege Mann aus Saarbrécke wollt um Samschden op seng eegen Aart a Weis vun deem gudde Wierder profitéieren. A grénger Tarnkleedung mat engem Maschinnegewier, engem Patrounenrimm an enger Pistoul ass hien duerch den Däitsch-Franséische Gaart zu Saarbrécke spadséiert. Vill Passante ware bei Ubléck vun de ville Waffen erschreckt an hunn d'Police alarméiert. Déi ass zesumme mat enger spezial Eenheet op Plaz komm an hunn de Mann dobäi erwëscht wéi hien sech vu senger Partnerin zesumme mat senge Waffe fotograféiere gelooss huet. Bei genauer Ënnersichung huet sech erausgestallt, dass de Mann just Softairwaffe bei sech hat. Trotzdeem wäert de jonke Mann eng gréisser Rechnung fir de Policeasaz musse bezuele souwéi divers Verstéiss géint d'ëffentlech Uerdnung.