Et schéngt ee wuel net esou gutt am Kinnekshaus ze verdéngen...

Seng Aarbecht sollt eigentlech Iessen zerwéieren a Raim propper maache sinn, ma dat mam raumen hat deb Adamo Canto wuel e bëssen ze eescht geholl an einfach mol d'Kinnekshaus ausgeraumt.  De Mann gëtt beschëllegt d'Queen beklaut ze hunn, dat direkt 3 Mol. De 37 Joer ale Mataarbechter vum Kensington Palace huet dëst mëttlerweil och zouginn, et ofzestreiden hätt och näischt bruecht: Ëmmerhi gouf en Deel vu senger Beute op der Plattform Ebay erëmfonnt.

De Mann hat direkten Zougang zu de Raimlechkeeten an hat dat och voll ausgenotzt, ronn 77 Géigestänn hat e matgoe gelooss. A senger Wunneng goufen ënnert anerem signéierte Fotoe vum Prënz William, der Herzogin Catherine an dem Prënz Harry fonnt. Och e Fotoalbum vum Staatsbesuch vum Donald Trump 2019 an 2 Medaile vun héichrangegen Offizéier hat den eemolege Mataarbechter matgoe gelooss. Eng dovun hat de Canto iwwert Internet verkaf fir 390 Euro. Insgesamt huet e mat senger Online-Geschäft iwwregens 8600 Euro ageholl, klengt no engem klenge Verméigen, ma am Endeffekt ass de Britt wuel genee esou e gudden Händler wéi hien en Déif ass. D'Objete wären eigentlech bis zu 111.000 Euro wäert gewiescht.

De Mann koum viru Geriicht an ass momentan nach op fräiem Fouss well en d'Kautioun bezuele konnt. En definitiivt Urteel steet him awer nach bevir.