© Unsplash
Et wëll een d'Stëmmung jo net ruinéieren...
Et ass d'Gespréichsthema Nummer 1 an iergendwéi kënnt een egal wou een ass an iwwert wat geriet gëtt ëmmer nees drop zréck: De Coronavirus. Iergendwéi ass dat jo och normal, ëmmerhi betrëfft d'Pandemie eis quasi an all de Beräicher vum Liewen.
Trotzdeem oder grad dowéinst kënne mer d'Wuert an d'Thematik net méi héieren, déi gréisstendeels jo och mat Angscht, Suergen an Onsécherheet verbonnen ass. Ma genee dowéinst huet d'Besëtzerin vun enger Bar zu Roum decidéiert, datt et de Gäscht verbueden ass sech iwwer Corona-Themen ze ënnerhalen. Domat géif ee just d'Stëmmung ruinéieren, esou d'Bedreiwerin Cristina Mattioli.
Dowéinst hänkt an der Bar mam Numm "Feeling" dann elo och e Schëld, dat een net mëssverstoe kann. "Iwwert de Coronavirus schwätzen ass verbueden". Ma der Besëtzerin geet et net just ëm d'Stëmmung, déi doduerch no ënner gedréckt gëtt mee och well d'Leit hir Theorien deelen, déi ganz einfach net begrënnt sinn an och näischt un der Situatioun wäerten änneren.