Wat zu Bréissel geschitt, bleift net zu Bréissel...

A Corona-Zäite ginn et aussergewéinlech Reegelen: Sozial Distanz, Masken-Flicht, Ausgangsspär… Ma virun allem keng illegal Partye well do gi jo einfach mol keng vun de grad genannte Mesuren agehalen.

Ma de József Szájer, ungaresche Politiker fir eng rietskonservativ Partei an Unhänger vum ungaresche Ministerpresident Viktor Orban, deen huet sech net dru gehalen: Net un d'Mesuren a scho guer net un déi eegen Aussoen. Hien huet sech scho méi dacks homophob geäussert a sech géint LGBTQ- Rechter ausgeschwat.

Ma wat zu Bréissel geschitt bleift net zu Bréissel. Do gouf den EU-Parlamentarier nämlech op enger Sex-Party erwëscht, mat iwwer 15 anere Männer. Wéi d'Police déi illegal Feier gecrashed huet, waren déi meescht dovun plakeg an op Drogen. Och de Szájer gouf mat Drogen erwëscht an dat obwuel en nach séier probéiert hat iwwert den Dach ze flüchten. Hat net geklappt an esou hat dat och Konsequenze fir seng politesch Karriär. Den Ungar huet säin Amt mëttlerweil néiergeluecht.