© YouTube Screenshot
Mat "Boogie Round The Christmas Time" hoffen d'Männer, déi d'Dreckskëschten eidel maachen an d'Charts ze kommen...
D'Videoe vun den 3 Männer, déi d'Dreckskëschten zu Wolverhampton eidel maachen an dobäi danze si viral gaangen. Millioune Mol hunn d'Leit sech d'Clips ugekuckt. Ënnert anerem och de Video vun hirem ganz eegene Song "Boogie Round The Bins At Christmas Time" also iwwersat "Danze ronderëm d'Poubellen wärend der Chrëschtzäit". A mat genee deem Song wëllen d'Männer elo en Hit landen.
Den Trio feiert domat net just den eegenen Job a probéiert aner Leit opzemontere mee sammelt och Sue fir de gudden Zweck. Bis ewell si schonn 3000£ zesumme komm fir "Compton Care".
© YouTube Screenshot