© Lisa Fotios / pexels.com
Vill Kannernimm sinn net grad beléift. Ma ausgerechent den Numm "Anne" huet elo dofir gesuergt, dass eng Fra mat hirer Schnauer de Kontakt ofgebrach huet.
Eng 28-Järeg Fra aus den USA gouf kierzlech Mamm, an huet hirer Duechter en Duebel-Numm ginn.
Den zweeten Numm "Anne" gouf zu Éieren vun der eegener Bom ausgesicht, mee dat war net de Grond fir de Sträit tëscht der Mamm, an hirer Schwéiermamm. Wéi dës gewuer gouf, dass dësen Numm gewonnen huet, war si entsat, an huet einfach de Kontakt ofgebrach. Si wëll weder mat den Elteren, nach mam neigebuerenen Enkelkand eppes ze dinn hunn.
Wien elo op en dramateschen Hannergrond waart, gëtt enttäuscht: De Grond fir d'Ofneigung géintiwwer dem Numm kënnt duerch eng Persoun aus der Schwéiermamm hirer Vergaangenheet. Vun dëser hätt si sech "zudéifst blesséiert a verroden" gefillt, an dofir huet si d'Eltere scho virun der Gebuert virun engem Kontaktofbroch gewarnt, wann si hire Plang duerchzéie sollten. Vun anere Persoune kruten d'Elteren erzielt, d'Schwéiermamm géif mengen, de Numm wier express ausgesicht ginn, fir si ze beleidegen.
Uruffen a Nofroe kënne si net méi, hir Nummere goufe blockéiert.