De Weekend wollt sech an Däitschland eng alkoholiséiert Koppel bestuede loossen. Well si net wollt akzeptéieren, datt et net géif goen, koum d'Police.

Am däitsche Bad Neustadt huet eng spontan Hochzäit e Police-Asaz ausgeléist. Wéi d'Noriichtenagence dpa schreift, hätt eng alkoholiséiert Koppel sech de Weekend wëlle bestueden. Dofir wiere si bei d'Pfarramt gaangen, wou een hinnen awer gesot hätt, dat wier awer wéinst diverse Formalitéiten net méiglech.

Domat war d'Koppel net averstan. Eréischt wéi d'Police op d'Plaz koum, hu béid Persounen dat akzeptéiert an hunn d'Plaz onbestuet verlooss.