Eng "normal" Taxi-Faart eben, mat iwwer 100km an der Stonn duerch Köln...

De Weekend war en Taxi mat Passagéier u Bord e bësse méi zackeg ënnerwee. Mat enger 21 Joer ale Fra um Bäifuerersëtz ass de Chauffer mat iwwer 100 Stonnekilometer duerch Köln gebriedert. Den Taximeter war ausgeschalt mee aus dem Police-Bulletin geet ervir, dass et sech beim Rennen eigentlech em een normal Faart gehandelt hätt, ier et eben an enger Course eskaléiert ass.

En ziville Police Auto hat den zwee Autoen, déi sech gebattled haten un enger rouder Luucht missen auswäiche fir en Accident ze vermeiden. Duerno hunn d'Beamten natierlech d'Verfollgung opgeholl an de Raser-Taxi mat Passagéier inclus gestoppt. De Fuerer vum zweete Gefier ass dovu komm, d'Kennzeeche wär der Police awer scho bekannt.