Et wäert ee sengem Kand jo wuel nach e klenge Kaddo dierfe maache?!

D'Jacenko, eng australesch Mamm deet sech de Moment schwéier d'Kommentaren op hirem social media account nozevollzéien, si wollt dach just e Kaddo fir hiert Meedche kafen an dat mat der Welt deelen. Den Hoken: De Kaddo ass e Mercedes Benz GLC 350 vu 60.000$ an d'Duechter Pixie ass grad emol 9 Joer al.

Déi 40 Joer al Fra, déi am PR-Beräich schafft, deelt hiert luxuriéist Liewen an och dat vu sengem Meedche gären op Instagram. Ma d'Foto vum Pixie sengem Auto, mat der Caption "Besuch vu @fineautofinishing fir dem @pixiecurtis säin Auto - neie Level - gesäit brandnei aus", ass net bei jidderengem gutt ukomm. Amplaz, dass d'Leit d'Jacenko dofir luewen eng gutt Mamm ze sinn, reent et Kritik. Ëmmerhi kann d'Duechter jo nach absolut näischt mat deem Auto ufänken a wäert et och net déi nächst 7 Joer.

D'Mamm mécht sech awer kee Kapp a seet d'Leit wären einfach just jalouse a géifen net verstoen, dass et jo guer net drëms geet, dass d'Pixie den Auto fuere soll mee dass et d'Gefier wär fir d'Meedchen dran ze kutschéieren. Ob säi Brudder dann elo och nach en Auto kritt, bleift ofzewaarden, kéint awer da komplizéiert gi well d'Kanner jeeweils an den eegene Gefierer hin an hier gefouert musse ginn. Keng Angscht d'Mamm kënnt awer och net ze kuerz, e Land Rover an Aston Martin huet d'Fra sech selwer geschenkt.