© Screenshot YouTube
"Epic Rap Battles of History", en Kanal op YouTube, huet d'Formule fir gudde Contenu fonnt. "Rap Battles" mat verschiddene Personnagen a witzege Videoen.
De Kanal existéiert schonn zanter 2006 an huet bis elo 14,7 Milliounen Abonnente gesammelt. D'Formule ass einfach, Rap Battles mat gudden Texter a Videoen hannert deene vill Aarbecht stécht. Esou gëtt all puer Méint en Rap Battle verëffentlecht. An hire Videoe loossen se hirer Kreativitéit freie Laf. Enner anerem hunn se de Bob Ross géint de Pablo Picasso untriede gelooss oder an hirem neiste Projet, den Harry Potter géint de Luke Skywalker.
De Video ass de 5. Dezember gepost ginn an ass séit deem iwwert 3 Milliounen ofgespillt ginn. Am Verglach mat dem Recht vum Repertoire sinn dat awer zimmlech wéineg Klicks. Den am meeschten ugeklickte Video huet 152 Milliounen Opriff an ass en Rap Battle tëschent dem Barack Obama an dem Mitt Romney, fir d'US Presidentschaftswalen am Joer 2012. Mee och fir d'Walen dëst Joer gouf en Video gemaach.
"Epic Rap Battles of History" bitt eppes fir jiddereen. Och déi déi normalerweis kee Rap lauschteren, kënnen sech un de witzegen a kreative Videoen erfreeën. Falls dir also schonn ëmmer en Rap Battle tëschent dem Ronald McDonalds an dem Burger King oder tëschent dem Mozart a Skrillex wollt gesinn, dann ass dat de perfekte Kanal fir iech.