© Twitter Screenshot
D'Awunner stinn zu hirem Duerf, och wann d'Uertsschëlder dacks geklaut ginn.
Vakanz um Fickenhaff - nee dat ass kee Porno-Numm oder schlechten Dr. Sommer-Wuertspill, et ass tatsächlech méiglech. An der schéiner nidderbayrescher Gemeng Aicha vorm Wald mat 2500 Awunner ginn et zwou Uertschaften, déi e bëssen obszön klengen. Ee Mol hu mer do de Fickenhof mat ronn 50 Awunner an ee mol d'Fickenhofmühle, déi grad emol 4 Awunner zielt.
Ma wien elo mengt et wär de Leit penibel an esou enger Uertschaft ze wunnen, deen iert sech. D'Awunner si souguer houfereg drop a wëllen hiren Numm ëm all Präis behalen, och wann dat heescht, dass se sech musse mat Déiwe ronderëm schloen. D'Uertsschëlder ginn nämlech ëmmer nees geklaut. Dowéinst gouf d'Schëld och elo extra fest ugemaach.