Wann een ënnert allen Ëmstänn seng Léift feiere wëll...

Kuerz virum Rendezvous an der Kierch gouf eng Braut an Indien positiv op der Coronavirus getest. Amplaz d'Hochzäit ofzesoen huet d'Koppel sech awer decidéiert hiert Fest vun der Léift duerchzezéien, wann och ënner ganz aneren Ëmstänn wéi geplangt.

Dat traditionellt Gewannt gouf géint de Pandemie-Kostüm agetosch an och d'Location war net déi, wéi geplangt, mee direkt virum Corona-Versuerg-Zenter. Direkt duerno sinn d'Partner dunn och an dësen Zenter ageliwwert ginn.