Amfong wollt e just sengem Jong beim Basket spillen nokucken an dunn ass e selwer zum Highlight ginn.

D'Nationalhymn perfekt ze sange wann een et geplangt huet ass schonn net einfach, ma et ass nach méi impressionant wann ee se ouni Virwarnung performe muss. Ee Mann op engem Basketball-Spill vu sengem Jong huet genee dat zu Ohio gemaach.

De Match tëscht "The Waverly High Tigers" a "The Portsmouth West High Senators" huet ganz normal ugefaangen. D'Spiller hu sech opgereit an de Public ass opgestane fir wéi gewinnt virun esou Matcher d'Nationalhymn ze sangen. Ma dunn ass d'Technik ausgefall an et huet ee keng Musek héieren. Ganz roueg war et wärend e puer Sekonnen an dat och nach wärend dat Ganzt am Livestream gefilmt gouf.

No e puer penibele Momenter ass et engem Mann am Publikum duergaangen an hien huet spontan ugefaangen ze sangen. Dass de Mann d'Stëmm dofir huet gëtt séier kloer, ma och wann e scho säi Liewe laang gäre Musek mécht, d'Nationalhymn hätt en nach ni virdru viru Leit gesongen. Wéi e fäerdeg war konnt de Match lassgoen an de Papp vun engem Spiller konnt sech erëm sengem Dasein als Visiteur widmen. D'Leit ware begeeschtert, net just an der Sportshal selwer mee och duerno wéi de Video vun der spontaner Aktioun an de sozialen Netzwierker gelant ass.