Falls der nach keng Iddi hutt fir ënnert de Beemchen...

Dir sitt ganz frou mat engem a wëllt em eng Insel kafen oder dir sitt esou genervt vun enger Persoun, dir wéilt se am léifsten op eng Insel ganz wäit fort vun hei schécken? Fir béid Zenarie gëtt et elo de perfekte Kaddo!

Iwwert de Site "Vladi" kann een ello eng Privatinsel kafen a verschenken. Wéi d'Säit selwer seet wär et den ultimative Chrëschtkaddo. Wiem dat ze deier gëtt, kann iwwregens och eng Insel lounen.