D'Weltgesondheetsorganisatioun huet eng gutt Noriicht fir déi brav Kanner!

Chrëschtdag gëtt dëst Joer anescht a vill Leit si genervt. Ma eng gutt Noriicht huet d'WHO awer fir all d'Leit, déi vum "Weihnachtsmann" d'Kaddoe kréien: Dëse soll immun si géint de COVID-19.

D'Expertin Dr. Maria Van Kerkhove huet esouguer extra e Statement dozou gi fir d'Kanner weltwäit ze berouegen. De Kleesche wär zwar e Mann vu méi héijem Alter, ma de Virus kéint him net geféierlech ginn. Och a punkto Areesverbuet misst ee sech hei keng Suerge maachen, de Kleeschen hätt do eng Erlabnis fir ronderëm d'Welt ze reesen a Kaddoen ze verschenken.