Ob ee wierklech richteg steet, gesäit ee wann d'Dier opgeet...

E 24-Järege war an d'Schanze zu Hamburg gefuer an huet do un der falscher Dier geschellt. Dass ee sech mol an der Adress iert kënnt jo vir an normalerweis ass dat och net esou schlëmm, ma well de Client déi falsch Etage erwëscht hat ginn et elo Konsequenze fir deen, bei deen en eigentlech wollt. De Mann war nämlech ënnerwee bei säin Dealer, wéi en un der falscher Dier geschellt hat.

D'Fra déi hannert der Dier stoung hat éischtens mol keng Drogen fir ze verkafen an zweetens war se och net all ze begeeschtert, dass een aneren aus hirem Haus dat géif maachen. Nodeems de Mann e puer Minutte méi spéit aus engem aneren Appartement vum Méifamilljenhaus erauskomm ass, ass si mësstrauesch ginn an huet de Virfall bei der Police gemellt. Ier d'Beamten opgedaucht sinn, sinn iwwregens nach 2 weider Cliente bei der falscher Hausdier gelant.

Spéitstens du war et kloer an och d'Police huet genuch weider Indicen a Beweiser géint den tatsächlechen Drogenhändler fonnt. Iwwert 1 Kilo Marihuana hunn d'Beamten an der Wunneng, an där eng Koppel mat hiren 2 Kanner lieft, sécher gestallt. Géint déi zwee gëtt elo ermëttelt.