Wann s de an een Haus abréchs a selwer den Noutruff wiels an duerno festgeholl gëss - sou geschitt an England!

Vill Pech haten zwee Männer, déi am engleschen Stoke-on-trent an een Haus agebrach sinn.

Si sinn agebrach an hunn am Haus no Wäertsaache gesicht. Dunn hat sech wuel ee vun den Abriecher op de Kanapé gesat an dee Moment huet dësen onbewosst den Noutruff geruff, hien ass ongewollt op d'Noutrufftast vu sengem Handy komm.

D'Police konnt soumat de ganzen Abroch live um Handy suivéieren, an huet natierlech eng Patrull op d'Plaz geschéckt.

D'Abriecher mussen dunn deck domm dragekuckt hunn, wéi si aus dem Haus wollte goen an d'Police virun der Dier stoung. Dat nennt een da mol "dommgaangen".