De Panic! At The Disco Frontman gëtt aktuell fir alles responsabel gemaach wat an der Welt esou schif leeft an dat ass e bëssen eppes!

De Brendon Urie ass de Grond firwat One Direction sech opgeléist hunn. De Brendon Urie huet den Ënnergang vum Réimesche Räich ze verantworten. De Brendon Urie ass Schold drun, dass den Jack bei Titanic ënnergaangen ass. Dës Uschëllegungen an nach vill méi zirkuléieren den Ament am Internet, a wéi soll et anescht sinn a Form vu Memes.

Aus iergendengem Grond gouf den Opruff lancéiert dem Frontmann vu Panic! At The Disco d'Schold un allem wat grad schif leeft a wat scho schif gelaf ass ze ginn. Ugefaangen huet den Trend op Twitter nodeems de User @razziplier de bizaren Opruff lancéiert huet an d'Leit natierlech drop opgespronge sinn.

De Museker huet sech nach net zum Trend oder de Virwërf geäussert, wat awer och net verwonnerlech ass. Ëmmerhin huet ee säit Juni näischt méi vum Urie op Twitter héieren.