D'Dänen maachen et anescht, also a punkto Sex-Educatioun...

Virun enger Woch ass an Dänemark eng nei Sendung op der Tëlee gelaf iwwert e Mann mat engem immens laangen an net kontrolléierbarem Penis. An nee domat ass net d'Format "Der Bachelor" gemengt an och soss kee Reality TV mee eng Kannersendung!

Zesumme mat BBC a richtegen Educateuren, déi sech op Sex-Educatioun spezialiséiert hunn, huet DR dës Show ausgeschafft a lancéiert. Déi animéiert Serie dréint sech em den John Dillermand (op Däitsch kéint een et mat Peter Pillermann iwwersetzen), deen de wuel am beschte bestéckte Mann vun der Welt ass. De Charakter benotzt säi Geschlechtsdeel fir verschidden Challengen a sengem Liewen ze meeschteren. Allerdéngs ginn et och Amenter an deenen, säin immense Penis him an de Wee kënnt oder fir Problemer suergt.

Et ass net wierklech verwonnerlech, dass déi bëssen aner Kannerserie bei verschiddenen Elteren net esou gutt ukënnt. Déi eng wëllen einfach net, dass hir Kanner eng Sendung iwwert e Mann kucken, dee säi Geschlechtsdeel ronderëm wirbelt, Anerer kritiséiere virun allem d'Konzept vun enger erwuessener Persoun, déi  net kontrolléiere kann wat a senger Box lass ass.

Op där anerer Säit ginn et och Leit, déi positiv op d'Konzept reagéieren, ganz einfach well déi Erwuessen et ze seriö huelen an d'Kanner net esou wäit denke géifen. Fir si wär et einfach eng witzeg Geschicht a "Kanner fanne Genitalien am Grousse Ganzen einfach amüsant", esou d'Erla Heinesen Højsted, eng Psychologin, déi de Program vun DR verdeedegt.

D'Medien-Entreprise selwer behaapt se hätte genee esou gutt eng Show iwwert eng Fra kënne maachen, déi hir Scheed net kontrolléiert kritt, et géif einfach just drëms goen eng witzeg Sendung fir d'Kanner ze kreéieren. Ma wéi et elo mam John Dillermand viru geet bleift ofzewaarden, d'Sendung ass op alle Fall nach net ofgesat ginn an Dänemark ass jo och bekannt dofir mol méi ongewéinlech Kannerserien ze produzéieren.