Eng Kanadierin wollt de Couvre-Feu ëmgoen an huet sech dofir eng onkonventionell Léisung afale gelooss.

Och a Kanada gëlle Mesure fir de Coronavirus anzedämmen, ënnert anerem och e Couvre-Feu, dee beseet Leit mussen um 20 Auer doheem sinn. Den eenzege Grond fir no dëser Auerzäit nach ënnerwee ze sinn ass wann een en extrat Dokument vun der Aarbecht huet oder mam Hond eraus muss. Ma eng Fra aus der Provënz Québec hat zwar keen Hond un der Léngt mee dofir de Partner, kéint jo och duerchgoen oder?

D'Äntwert ass nee, d'Police huet d'Fra, déi mat hirem Partner an der Léngt no 20 Auer spadséiere war, ugehalen an d'Excuse "si géif Gassi goen" net ziele gelooss. D'Beamten haten den Androck, dass d'Fra se wéilten op d'Prouf stellen, well wierklech eescht gemengt konnt dës Aktioun wuel net sinn! Fir déi skurril Aktioun muss d'Koppel dann elo eng Geldstrof vun ëmgerechent ronn 970 Euro bezuelen.

D'Fra huet sech iwwregens net asiichteg gewisen a fillt sech an hirer Beweegungsfräiheet verletzt. Si hätt de Poliziste verroden, dass et net déi leschte Kéier war, dass si no der Ausgangsspär dobaussen ënnerwee wär. Ma den Hond, pardon Mann, an de Portmonni wäerte sech freeën!