Mat "Doggie Desserts" woe sech d'Glace-Produzenten un en neit Segment: Séisses fir d'Déieren!

De Glace-Produzent Ben & Jerry's klammen an en neit Marketing-Segment eran: Vun elo u gëtt et net just Séisses fir de Mënsch mee och fir deem säi beschte Frënd, den Hond. D'Déierefudder a Form vu Glace nennt sech "Doggie Desserts" a soll am Januar op de Marché kommen, dat fir den Ament awer just an den USA.

Bis elo gëtt vun 2 Zorte geschwat: "Pontch's Mix", mat Peanutbutter a Knabber-Bretzelen, a "Rosie's Batch", mat Kürbis a Mini-Kichelcher. De Recht vun den Ingrediente sinn déi selwecht, wéi déi, déi fir déi vegan Zorte genotzt ginn. Vun dohier ass d'Hondsglace theoretesch och fir de Mënsch genéissbar - wann een da Kürbis an der Glace gutt fënnt.

D'Doggie-Desserte ginn et am eenzele Becher an am Véiererpak a sinn, wéi dat bei der Mark esou üblech ass, net ganz bëlleg. De Becher kascht 2,99 Dollar, de Véirerpak 4,99 Dollar. Mee wéi mer alleguer wëssen: Fir hir Hënn ass den Déierefrënn dach näischt ze deier.