Biller, déi bei de Protester zu Washington opgeholl gi weisen e Mann, deen dem Action-Star fir ze verwiesselen änlech ausgesäit...

Chuck Norris, Action-Star aus den 80er an 90er-Joren, Republikaner an Trump-Unhänger - Dat sinn alles Saachen, déi stëmmen. Ma d'Ausso, dass de mëttlerweil 80 Joer ale Star bei den Opstänn beim US-Kapitol dobäi war, schéngt dogéint eng Verwiesslung ze sinn.

Op de sozialen Netzwierker gi Biller ronderëm vun engem Mann, deen dem Chuck Norris esou änlech gesäit, dass vill Leit gemengt hunn et wär en. Ma den Double gesäit dem eemolegen Action-Star just änlech, an zwar esou änlech, dass sech mëttlerweil souguer de richtegen Chuck Norris zu Wuert gemellt huet.

Et war en also net an dat ass och gutt esou, stellt iech mol vir den Chuck Norris wär dobäi gewiescht, da géif de Kapitol haut wuel net méi stoen...