92.000 Euro fir en 13 Zentimeter laangen Objet mat deem ee mol keng Dier méi opmaache kann...

Et ass e klengt Stéck Geschicht: De Schlëssel, deen deemools dem franséische Feldhär Napoleon Bonaparte seng Dier opgespaart hätt. 200 Joer no sengem Dout ass de Schlëssel, deen zu engem Zëmmer op der Südatlantikinsel St. Helena gepasst huet, versteet ginn. Do gouf de Kaiser deemools vun de Britte festgehalen an ass 1821 gestuerwen.

11 Sammler hate sech em den 13 Zentimeter laangen Objet gestridden. Am Endeffekt gouf de Schlëssel fir dat 16-facht vum geschätzte Wäert verkaf.

Fonnt gouf den Objet an engem Haus a Schottland, esou den Expert fir antik Miwwelstécker David Mac Donald. D'Famill, déi e besëtzt huet, wousst zwar, dass en iergendwou am Haus wär, ma si ware sech net bewosst wou genee. Fonnt gouf e schlussendlech an enger Enveloppe, déi sech an enger aler Tru befonnt huet. En Zaldot mam Numm Charles Richard Fox hat de Géigestand deemools, 1822, aus der Dier gezu fir senger Mamm et als Souvenir mat ze bréngen.

Mat versteet gouf dann och e Stéck Pabeier dat an der Géigend vum Napoleon sengem Bett louch