E Mataarbechter vum israelesche Gesondheetsministère huet eng Fra véiermol ouni Grond an d’Quarantän geschéckt. Et huet sech ëm seng Ex gehandelt.

Eng Fra an Israel krut véiermol iwwer SMS eng Opfuerderung sech am Kader vun der Corona-Pandemie z’isoléieren. Si wosst awer net firwat. Méi spéit huet sech erausgestallt dass hiren Ex-Frënd dofir verantwortlech war. Hien ass e Mataarbechter vum israelesche Gesondheetsministère an huet säi Posten ausgenotzt fir sech ze rächen. An Israel ginn d’Leit iwwer SMS informéiert wa si eng Kontaktpersoun sinn a sech isoléiere mussen.