Eppes steet fest: An dësem Haus gëtt Pappendag net bëlleg...

Den Ian Jenkins, Alan Mayfield an Jeremy Hodges liewen zanter 8 Joer an enger Dräier-Bezéiung a sinn zanter 3 Joer Eltere vum Piper. A genee domat schreiwen de "Throuple" elo an den USA Geschicht, d'Duerschter Piper ass nämlech den éischte Bëbee mat 3 offizielle Pappen, déi op dem Gebuertszertifikat agedroe sinn.

Duerchernee kënnt hei keen, virun allem net d'Piper oder säin 1 Joer ale Brudder, de Parker. Den Ian ass nämlech de "Papa", den Alan ass den "Dada" an den Jeremy nenne se "Daddy". Das dat Ganzt hir Elteren immens vill Suen an och Diskussioune viru Geriicht kascht huet, wëssen d'Kanner nach net. Dofir si se awer déi éischt, déi vun 3 offizielle Pappen, Dadaen oder och Daddyen profitéiere kënnen.