Leschten Opruff fir den Aditya S., dee sech am Sécherheetsberäich ophält. A mat ophale menge mer do wunnen...

Um Flughafe vun Chicago huet d'Sécherheetspersonal e Mann opgegraff, deen hinne verdächteg virkomm ass. Nodeems si hie gebieden hate sech auszeweisen ass séier erauskomm, dass de Mann näischt an deem Beräich ze sichen hat. En hat zwar eng Zougangskaart virzeweisen, ma dat war eng vun engem Mataarbechter, deen dës viru Méint schonn als verluer gemellt hat.

Séier huet sech d'Situatioun gekläert: Beim 36 Joer alen Aditya S. handelt et sech ëm e Passagéier aus Los Angeles, deen zanter sengem Fluch op den O'Hare International Airport, net méi aus dem Flughafen erausgaangen ass. Den 19. Oktober 2020 war en zu Chicago ukomm an zanterhier huet en den Terminal einfach net méi verlooss. Iwwerlieft huet en an deem s hien aner Reesender no Iesse gefrot huet, esou d'Afekotin. Ma anscheinend net just dat, en ass nieft onerlaabtem Openthalt an engem beschränkte Flughafen-Beräich och wéinst Déifstall festgeholl ginn.

Dat ass awer net firwat esou vill Leit esou schockéiert waren, mee virun allem well de Mann, eng net agestallte Persoun, sech konnt 3 Méint laang an engem Sécherheetsberäich vun engem Terminal ophalen, ouni dobäi entdeckt ze ginn. Den Aditya krut eng Geldstrof an dierf net méi an de Flughafen eran, weder a säin 2. doheem alias den Terminal, nach ganz vir bei d'Check Ins.

Wéi den "Chicago Department of Aviation" matgedeelt huet, wär de Mann zu kengem Zäitpunkt eng Gefor fir d'Sécherheet um Flughafe gewiescht.