No Twitter, Facebook an Youtube gëtt den Donald Trump och elo aus Filmer geläscht.

Kevin - Allein in New York (Home Alone 2) ass bis haut en absolutte Chrëschtdags-Klassiker. Am Film verbréngt de Kevin seng Vakanz ouni seng Elteren an der Stad New York. Wéi hien sech am Plaza Hotel verleeft, freet hie spontan de Besëtzer nom Wee. Dëse gouf vum Donald Trump verkierpert. Eng kleng Gaascht-Roll, déi d'Fans zanter Joren amuséiert huet. Ëmmerhi konnt jo kee wëssen, dass den Donald Trump 15 Joer méi spéit eng Kéier sollt President ginn.

Nom Stuerm op den US-Kapitol fuerderen elo allerdéngs vill Amerikaner, dass den Optrëtt vum Trump an dësem Film soll gestrach ginn. E Grafik-Designer mam Numm Max Schramp ass dësem Wonsch iwwerdeems nokomm. Ëmmerhi géif de President no sengem Twitter-Bann jo quasi net méi existéieren.

Et ass eng Aktioun, déi den Internet begeeschtert. Esouguer de Schauspiller Macaulay Culkin begréisst via Twitter dëse Wonsch.

Schonn am Dezember 2019 gouf a Kanada eng Versioun vum Film gewisen, an där d'Seene mam Donald Trump erausgeschnidde gouf. CBC huet deemools argumentéiert, dass ee Sendezäit hätt misse spueren an den Optrëtt vum President keng Bedeitung fir d'Geschicht hätt.

Schonn deemools huet sech d'Famill Trump net begeeschtert gewisen. Wat den Donald Trump elo vun der aktueller Situatioun hält ass net gewosst. Ëmmerhi kann hien sech jo net méi via Social Media matdeelen.