Mat dësem Spaghetti-Mixtape sollt et och den onerfuerenste Käch geléngen eng lecker Nuddel ze zauberen.

Nuddele kachen ass eigentlech dat Mannsten, et ass de Studenten-Menu par excellence an dat wat jidderee misst hi kréien, och ouni gréissert Kachtalent. Kachplack un, Dëppen drop, Waasser dran, Nuddelen a Salz, finito! An trotzdeem brénge Leit et ëmmer nees fäerdeg d'Waasser iwwerlafen ze loossen, d'Nuddelen ze verkachen oder se erofzehuele wa se nach net duerch sinn.

No Gefill kachen, klappt eben awer net ëmmer. A genee dofir huet Barilla eng kreativ Léisung: Den éischte Pasta-Timer op Spotify. Eng Playlist offréiert hei verschidde Songs, fir déi verschidden Nuddel-Kachzäiten. Dat heescht ass d'Playlist oder de Song ofgelaf, weess een d'Nuddele si fäerdeg!

Beim "Mixtape Spaghetti" ass zum Beispill den Jay Z vertruede wärend ënner "Pleasant Melancholy Penne" éischter italienesch Songs ze héiere sinn. Jee nodeem wéi eng Nuddelszort ee sech also kacht, kann ee sech déi passend Playlist eraussichen. Insgesamt ginn et 8 Stéck. Perfekt fir Leit déi méi Musek- a manner Kach-begeeschtert sinn, an natierlech eng zimmlech clever Marketing-Strategie vu Barilla.