Liwwerantin héiert komesch Kraz-Geräischer a kritt eng déieresch Iwwerraschung...

Als Liwwerantin transportéiert ee warscheinlech gäre mol déi ongewéinlechst Saachen, ma meeschtens ass ee sech dees guer net bewosst well ee jo net dobäi ass wann de Pak opgemaach gëtt. An deem heite Fall war dat anescht: Eng Liwwerantin hat e Pak auszeliwweren, dee scho wärend der Faart Téin vu sech ginn huet. Nodeems et net opgehalen huet am Pak ze raschelen an ze krazen, ass d'Liwwerantin séier zu der Iwwerzeegung komm do kéint en Déier transportéiert ginn. Hir Entreprise verbitt dës Zort vun Transport allerdéngs an de Pak war och net als Déierentransport gekennzeechent. Dowéinst huet si preventiv bei der Police ugeruff an hir Bedenke geäussert. D'Beamte si gemeinsam mat hir bei den Empfänger gefuer, e Restaurant zu Grafenwöhr.

De Besëtzer vum Restaurant huet direkt Entwarnung ginn, dass den Inhalt vum Pak keng Gefor duerstelle géif, hien hätt JUST 70 Kriibse bestallt. Als Beweis huet en de Kartong opgemaach an dat éischt Déierchen huet sech och direkt duerch d'Bascht gemaach.

D'Amt vun de Veterinäre muss elo préiwen, ob den Transport de gesetzleche Bestëmmung vum Déiereschutz gerecht gëtt. Esou laang duerf de Wiert seng Déiercher awer halen, respektiv op seng Menüskaart setzen.