D'Mesure gëlle fir jiddereen a wie sech net drun hält gëtt...agespaart?!

Am Norde vun Dresde steet e Gebai wat ursprénglech mol als Refuge fir Geflüchteter virgesi war. An Zäite vun der Pandemie huet een awer elo aner Pläng domat. Ab nächster Woch sollen dem sächsesche Gesondheetsministère do elo e Gewahrsam fir Verweigerer vun der Corona-Quarantän ageriicht ginn.

Enger Spriecherin vum Infektiounsschutzgesetz geet et hei net dorëms d'Leit an de Prisong ze stieche well se sech net un d'Reegelen hale mee se vun aneren ofzesënneren an deemno aner Leit virun enger méiglecher Ustiechung ze schützen. Theoretesch ass et un de Leit selwer sech a Quarantän ze beginn an déi aner ze schützen, ma wann d'Leit sech vehement dogéint wieren an eng Gefor fir anerer duerstellen, da wär een op esou Moossnamen ugewisen. Et wär de Responsabelen no, awer eng lescht Optioun an deemno wär d'Zwangsaweisung an de Corona-Prisong just an absolutten Noutfäll d'Léisung.

Géif sech eng Persoun der Quarantän widdersetze géif et fir d'éischt e Rappell ginn, dann eng Geldstrof an eréischt da kéint d'Amt ufroe fir déi Persoun ënnerbréngen ze loossen. Eigentlech waren dofir Clinique virgesinn, ma well déi den Ament natierlech iwwerlaascht sinn, hätt een den Arrest zu Dresden entwéckelt.

Dresden ass domat iwweregens net eleng, och zu Schleswig-Holstein an zu Brandenburg fënnt een esou e "Prisong" an och Baden-Württemberg schafft un zwee Arrest-Gebaier.