Den ale Mann an de Klappstull...

De Bernie Sanders huet beim Joe Biden senger Vereedegung eigentlech keng gréisser Roll gespillt, ma trotzdeem ass et hien, deen direkt nom Event zum Internetphenomen mutéiert ass. Zanter der Amtsaféierung gi Biller vum Demokrat ronderëm d'Welt an d'Leit amuséiere sech de Mann an déi ënnerschiddlechste Situatiounen eran ze photoshoppen.

De Grond firwat dës Biller esou gefeiert ginn: De Bernie Sanders, a senger praktescher Wanterjackett an opfälleg Stréckhändchen, huet einfach guer net an de Setting vun dem feierlech Event gepasst. A wat net passt, gëtt halt vu kreative Käpp passend gemaach. Ënnert dem Hashtag #BernieSanders fënnt ee mëttlerweil iwwer 64.000 Tweets.

Mir hunn iech déi witzegst Memes erausgesicht: