Dës Abriecher ware glëschtreg: Am däitsche Witten sinn Onbekannter an e Campingcar agebrach an hunn do Schockela geklaut.

Wéi d'Police vu Bochum e Sonndeg matgedeelt huet, koum et dës Woch zu engem Abroch an e Campingcar zu Witten. Do sollen Onbekannter duerch eng Fënster an de Won erageklomme sinn. Si hunn alles duerchsicht an hu sech mat Schockela duerch d'Bascht gemaach.