Den Hugo an den Olli begeeschteren hir Follower mat hirem Talent...

D'Jo Hart aus England huet hiren zwee Hënn bäibruecht ze danzen, an zwar synchron op d'Kannerlidd "If you're happy and you know it".  D'Besëtzerin huet einfach Tricks, déi béid Hënn an der Hondsschoul geléiert hu kombinéiert an doraus d'Choreo kreéiert. Entstanen ass dat Ganzt, wéi soll et anescht sinn, aus Lockdown-Langweil.

D'Dackelen hunn domat net just hir Frauchen begeeschtert mee déi ganz Internetwelt. De Video ass séier viral gaangen an op Instagram zielen d'Hënn mëttlerweil schonn iwwer 40.000 Follower.