De Mako koum aus dem Déierenasyl an eng Kazefamill a mengt elo hie wär och eng.

Hënn sinn dacks geselleg a loyal Déieren, sief et vis à vis vun hire Besëtzer oder aneren Hënn mat deene se opwuessen. Esou geet et och dem Mako. Nodeems hien aus dem Déierenasyl bei eng Famill koum, huet hie sech séier u seng aner déieresch Matbewunner gewinnt a souguer ugepasst. Dat Ongewéinlecht: Heibäi handelt et sech em Kazen.

D'Bethany a Samantha Castiller haten de Mako aus dem Déierenasyl heembruecht a sech ufanks nach Suerge gemaach well se schonn 2 Kazen haten. Ma d'Suerge waren onbegrënnt, d'Kazen haten de Mupp direkt acceptéiert an opgeholl. An de Mako huet an deenen 2 säi Ruddel fonnt an huet sech anscheinend och dat eent oder anert ofgekuckt. Heiansdo wierkt et esouguer esou wéi wann de Pitbull och géif mengen, dass hien eng Kaz wär.