Kuerz net opgepasst a schonn ass de Mupp op der Rees...ouni Besëtzer!

Eng ongewéinlech Vermësstegeschicht hat sech zu Hamburg zougedroen. Nodeems e Mops um Gleis wéi gewinnt an den Zuch gehopst war, deen hie wuel ëmmer mat senger Besëtzerin hëlt sinn d'Dieren zougaangen. De Problem un der Saach: D'Fra stoung nach um Gleis. An esou ass de Mops eleng Richtung Hannover gefuer.

Amplaz et sech awer am Zuch gemittlech ze maachen, huet de Mupp richteg reagéiert an ass wéi d'Police gemellt hat duerch de Metronom bei de Kontrolleur gelaf an huet op sech, respektiv d'Feele vum Besëtzer, opmierksam gemaach.

Op der Gare vu Lüneburg hätt en dunn déi richteg Ëmklamm-Hëllef kritt, esou d'Beamten an hirem Bericht. An der Tëschenzäit gouf och d'Besëtzerin ausfënneg gemaach an dës huet mol nees um Gleis op de Reesender gewaart. Och wann de Mops wärend senger Zuchfaart genuch geheemelt a berouegt gouf, esou wär en (de Beamten no) wuel erliichtert gewiescht seng "vermësste Besëtzerin" nees begréissen ze dierfen.

Eng opreegend Aventure mat Happy End a warscheinlech och e Police-Bericht, deen emol net grad esou dréche war wéi de rechtleche Büroskrom.