Ob d'Police déi Excuse duerchgoe gelooss huet?!

De Schnéifall vun de leschten Deeg huet Deeler vun Däitschland komplett lahm geluecht, virun allem a Punkto Trafic ass et an eisem Nopeschland driwwer an drënner gaangen. Esouguer gutt ausgestatte Gefierer sinn deels am Schnéi stieche bliwwen, kee Wonner also, dass en Auto mat just 2 Wanterpneue guer net viru koum.

Op der A2 an der Géigend vun Hamm ass engem Porsche-Fuerer genee dat geschitt. D'Police ass deemno agetraff an huet festgestallt, dass den Auto amplaz vu 4, just 2 Wanterpneuen drop hat. Nodeems d'Beamten de Fuerer dorop ugeschwat hunn, huet dëse behaapt hien hätt sech keng 4 wanterfäeg Pneue leeschte kënnen.

Dës Excuse gouf natierlech net gëlle gelooss an elo gëtt et de Porsche-Fuerer am Endeffekt wuel nach méi deier, wéi wann en einfach an d'Wanterpneuen investéiert hätt.