Verschidde Saachen ännere sech ni...

An England op der sougenannter "Hadrian's Wall" gouf viru kuerzem eng Wandmolerei entdeckt. D'Konschtwierk, dat hei virun 1800 Joer ageritzt gouf erënnert un Teenie-Owender ënner Frënn, bei deenen ee moies mat Molereien um Bak erwächt ass. Et handelt sech bei der Kritzelei nämlech em d'Ofbild vun engem Penis.

D'Wierk, dat Fuerscher no, vun engem réimeschen Zaldot ageritzt gouf beweist, dass sech trotz Evolutioun iwwer 2000 Joer verschidde Saachen ni änneren...