Bei Whatsapp verschreift ee sech scho mol, ma heiansdo suergt esou en Tippfeeler fir méi wéi just e Kapprëselen…

„Betrüger sind da“, dee Saz huet eng Mam der Duechter iwwer Whatsapp geschriwwen. D’Meedchen huet sech doropshin natierlech Suerge gmaach a léiwer mol d’Police geruff, mat Oneréilechen ass schliisslech net ze spaassen.

D’Beamten, déi sech doropshin och direkt op de Wee gemaach hu konnten awer séier fir Entwarnung suergen. De Police Asaz, esou wéi de Whatsapp Message wären e Mëssverständnes oder besser gesot en Verbesserungs-Fail gewiescht.

Eigentlech wollt d’Frau der Duerchter just matdeelen, dass d „Betttücher“ an net d „Betrüger“ do wären. Kriminell, deen Autokorrektur…