Wa mol eng Kéier den Affekot an net den Ugeklote verzweifelt...

"Ech si keng Kaz", och esou e Saz, deen een normalerweis net onbedéngt an engem Geriichtssall héiere géif, scho guer net vum Affekot. Ma am Geriichtssall huet sech d'Situatioun och net zougedroe mee dofir an der Geriichtsverhandlung, déi digital ofgehale gouf. E Video-Ausschnëtt aus dëser Verhandlung mécht zanter e puer Deeg seng Ronnen op social media. Ze gesi sinn e puer Leit, déi un der Verhandlung deelhuelen, een dovun den Affekot Ponton, deen et iergendwéi fäerdeg bruecht hat e Filter iwwert säi Gesiicht ze leeën. An enger Geriichtsverhandlung ass dat net wierklech ubruecht an esou huet de Riichter hien dozou opgefuerdert de Filter fort ze maachen. De Problem: De Mann wollt dee Filter ni aktivéieren a wosst deemno och net wéi en nees fortmaachen.

No e puer Versich, geet der vermeintlecher Kaz hire Mond op an eraus sinn dës Wieder vu Verzweiwlung komm: "Ech weess net wéi ech e fort kréien, ech si live hei, ech si keng Kaz."

De Riichter huet de Video duerno op Twitter gedeelt, mat engem wäertvollen Tipp un all déi Leit, déi och Kanner an Online-Konferenzen hunn.