Kuriéis awer korrekt: Little bustard an änlech Kaliber sinn tatsächlech reell Nimm fir Déierenaarten...

Sech einfach mol en Numm ausdenken an et offiziell maachen, esou einfach geet et net wann eng nei Spezies entdeckt gëtt. Ma bei verschidden Villercher kéint een dat awer mengen.

D'Virschrëfte sinn a Wierker wéi den "Internationale Reegele fir déi Zoologesch Nomenklatur" oder dem "Internationale Code vun der Botanescher Nomenklatur" festgeschriwwen. Emsou méi wonnert ee sech wann een dann och Nimm wéi "little Bustard", "Go-away-bird" oder "tiny sky-tyrant".

Op Twitter hat de User @stu_bot3000 sech eng Freed gemaach, déi skurrilste Villerchersnimm zesummen ze sichen.