Um Ben-Gurion Flughafen zu Israel huet eng Kaz op enger ganz ongewéinlecher Plaz geschloof an dat obwuel den Flughafen den Moment zou ass.

Eng gemittlech Plaz an der Sonn, d'Patten ausgestreckt an d'Aen hallef zou - sou kann ee wuel Kaze beschreiwen déi sech ausrouen. Dass se dofir heiansdo zimmlech skurril Plazen eraussiche misst all Kazebesëtzer bekannt sinn. Tëschent frëscher Wäsch, an ale Kartrongen oder matten am Bett? Dat kennt een alles.

Eng zimmlech ongewéinlech Plaz hat sech virun e puer Deeg eng Kaz an Israel gesicht. Sie huet nämlech am Cockpit vun engem EL-AL-Fliger geschlof. Dëse Fliger steet awer säit méi wéi zwou Wochen op dem zouene Flughafe Ben Gurion an der Géigend vun Tel Aviv.

Eigentlech sollt de Fliger zou gespaart sinn, mee Kaze fannen ëmmer ee Wee wéi se an zoue Raim era kommen. Dës Weideren huet d'Kaz sech am Cockpit amuséiert an dobäi si Kraz- a Bëss spueren entstanenen.

Wouhin d'Rees vun der Kaz, nodeem se am Cockpit fonnt ginn ass, hin gaangen ass, ass onbekannt. Vläicht a Richtung Catering fir sech no der Rascht de Bauch gutt voll ze schloen.