Op Tinder hu mëttlerweil vill Leit de Status ''Geimpft'' op hirem Profil stoen. E Status deen nawell säin Zweck erfëllt.

All Joer de 14. Februar ass Vältesdag. En Dag op deem ganz vill Leit hirem Partner wëlle beweise wéi frou se mat ëm sinn, ma awer och en Dag op deem sech Singlen dacks eleng fillen. Esou ass et also ganz normal, dass ee sech kuerz virdru mam Flirte besonnesch dru gëtt.

Ganz beléift ass hei Tinder. Eng Plattform déi an deene leschte Joren ëmmer méi grouss gëtt. Opgefall ass elo, dass an der lescht ëmmer méi Leit op hirem Profil uginn, dass se mëttlerweil geimpft sinn. De Gedanken ass hei ganz kloer esou seng Chancen op en Date ze erhéijen. Wéi Tinder matdeelt huet esou een ''Geimpft''-Status mëttlerweil genau esou een Effekt op d'Leit wéi wann een eng Profilfoto mat engem Hausdéier huet. Et ass also wéi et ausgesäit eng Info déi attraktiv wierkt an effektiv ass.

Natierlech gesäit dat net jiddereen esou. Schliisslech solle Leit mat enger Impfung net méi Virdeeler hu wéi eng Persoun déi net oder nach net geimpft ass.