Se si kleng, performant a séier do wou ee se net wëll hunn an zwar an der Speiseröre. Kléngt skurril an ass engem Mann an den USA passéiert.

Vill Leit kënne sech net einfach an d'Bett leeën a schlofen. De Grond ass hei dacks d'Reiziwwerfluutung der mer Dag fir Dag ausgesat sinn an déi net richteg verschafft kréien. Eng Iddi ass hei sech dohin ze leeën a ganz entspaant Musek ze lauschteren a probéieren ofzeschalten. Entweder andeems een dat iwwert eng Anlag oder iwwert Kopfhörer mécht.

Den 38 Joer jonke Bradford Gauthier ausn den USA huet nämlech genau dat gemaach. En huet sech dohi geluecht, Musek gelauschtert an ass dobäi ageschlof. Dommerweis hat en d'Apple Airpods un, déi sech no an no aus dem Ouer geléist hunn. Wéi hien erwächt ass, huet hien net nëmme gemierkt, dass ee Kopfhörer feelt mee och, dass hien um Niveau vun der Broscht extrem Péng hat.

Am Spidol ukomm hu se dunn an enger Röntgen eraus fonnt wisou de Bradford esou wéi hat an hunn esouguer eraus fonnt wou d'Kopfhörer sinn an zwar a senger Speiseröre. Am Schlof hat de Mann se ongewollt ofgeschléckt an näischt dovunner gemierkt. Mat enger Endoskopie konnten se dem Mann de Friemkierper eraus huelen an dat witzegt un der ganzer Saach ass, dass de Kopfhörer esouguer nach ëmmer funktionéiert. Just deen agebaute Mikro géing net méi funktionéieren, esou de Bradford.