Ee mol gelikt a schonn huet een de Misär. E Misär deen een dann och nach als Kaddo kritt.

Fir Vältesdag maache sech natierlech ganz vill Leit Gedanke wat se hirem Stupp wëlle schenken. Dat geet iwwert eng Rous, e Frühstück am Bett bis bei d'Fro vun de Froen: Wëlls du mech bestueden?

Ma et ginn awer och Mënschen déi ganz kreativ ginn op deem Dag. Esou huet sech dat och d'Tiktokerin Gloria geduercht. Fir Vältesdag huet si nämlech net einfach just e Kaddo fir säi Mann kaf, mee selwer ee gebastelt. Well de Mann dacks op Instagram Fotoe vun Insta-Models likt, huet d'Gloria déi Fotoen all eraus gedréckt, se op hëlze Spiisse gepecht an a kleng Placken aus Styropor gestach. Déi kreativ Fotoausstellung krut de Casanova da fir Vältesdag geschenkt.

Et ass e Kaddo mat engem ganz klore Message. Ee Message deen trotz allem witzeg verpak a gutt ukomm ass.

@gr93la

I have a sense of humor with my man! I don’t know about y’all but I thought this was the perfect gift 🤣 He loved it 😘 #gorgeousgirls #fyp #joke

♬ original sound - Gloria