E User op Reddit huet sech amuséiert dem Intro vun der Sitcom ''Friends'' e Remake ze verpassen.

Wa mer vun enger Serie kënne schwätzen déi quasi all Mënsch kennt, dann ass dat Friends. Eng US-amerikanesch Sitcom déi vun 1994 bis 2004 produzéiert ginn ass an ee risege Succès feiere konnt. Mat Schauspiller wéi dem Jennifer Aniston, Courteney Cox, Lisa Kudrow, Matt LeBlanc, Matthew Perry an David Schwimmer ass et eng Serie déi sech, vum Erfolleg hier, mat Prince Of Belair a King of Queens moosse kann.

Schonn eleng d'Melodie vum Intro ass duerch déi ganz Welt bekannt an dat esouguer bei deenen déi d'Sitcom nach guer net gesinn hunn. Ma genau deen Intro krut elo e modernen Touch verpasst, fir genau ze sinn esouguer ee lëtzebuergeschen. E User op Reddit huet sech amuséiert den Ufank vun der Serie, zesumme mat der Melodie ganz am Stil vu Lëtzebuerg nozestellen an dat natierlech mat Protagoniste wéi zum Beispill eisem Premier Xavier Bettel an eisem Grand-Duc Henri.