Et kann een alles iwwerdreiwen. Virun allem wann een extra en Haus baue léisst, dat ee soll virun Zombie schützen.

Fir vill Leit ass et einfach nëmmen en onrealistesche Gedanken a fir anerer eppes wat eventuell kéint Realitéit ginn an zwar eng Zombie-invasioun. Dat geet esouguer esou wäit, dass verschiddener sech fir esou Eventualitéite preparéieren a sech e komplett Haus bauen, wat géint Zombie schützt.

D'Haus vum polneschen Achitektebüro ''Robert Konieczny - KWK Promes'' ass fir eng Privatpersoun gebaut ginn a besteet deelweis aus engem oppene Kader aus Beton mat engem grousse Gaart. Mam Drock op ee Knäppche kann een dat ganzt an ee Bunker verwandelen, deen ee virun Zombie schützt.

Wann déi baussecht Mauere verréckelt an a Positioun sinn, kann een nëmmen nach iwwert dee banneschten Haff an d'Haus kommen. Dëst Haus ass vun alle Säiten zou an d'Maueren hunn eng Deckt vu 46 Zentimeter .

De Besëtzer vum Haus huet mat der Konstruktioun schonn eng jett Präisser gewonnen. Eigentlech sollt et keen Zombiehaus ginn mee éischter een Haus wat virun Abriecher schütze soll.