Klengt skurril, ass eppes wat net dacks passéiert an trotzdeem ee bekannte Problem.

Wéi ee 17 Joer jonkt Meedchen aus Nottingham a Groussbritannien an d'Spidol ageliwwert gouf, well et reegelméisseg schwaachgefall ass, hunn d'Dokteren ee sougenannten Trichobezoar am Mo vun der jonker Fra fonnt. An zwar ass dat e risege Pak Hoer. D'Meedchen huet deemno esou vill vu sengen eegenen Hoer giess, dass et eng ''perforation gastrique'' erlidden huet.

D'Doktere vun der Universitéitsklinik Queen's Medical Centre an Nottingham beschreiwen dee schockéierende Fall an engem Artikel an der Fachzäitschrëft ''BMJ Case Reports''. Mat hëllef vun enger Computertomographie konnten se schnell kloer stelle mat wat se et ze dinn haten. D'Situatioun war nawell esou serieux, dass dee ganze Mo mat Hoer verstoppt war. Well de Mo mëttlerweil scho geplatzt war a sech Flëssegkeet am Bauch gesammelt huet, ass déi jonk Fra direkt noutoperéiert ginn. D'OP ass gutt verlaf an den Trichobezoar konnt eraus geholl ginn.

Och wann dat net dacks virkënnt, soll een esou Geschichte serieux huelen. Dofir gëtt et esouguer ee Begrëff an zwar ''Rapunzel-Syndrom''. Déi Betraffe rappe sech d'Hoer aus an iesse se, wat zu grousse Problemer féiert, well Hoer am mënschleche Kierper net kënne verdaut ginn.