D’Caféen a Restauranten si jo besonnesch staark vun der Pandemie betraff. An Irland hat de Proprietär vun engem Café eng kreativ Iddi.

Wéinst der Corona-Pandemie ass d‘Wiertschaft „Tara Na Ri“ zu Navan an Irland schonn zënter Mäerz 2020 zou. De Proprietär huet sech mëttlerweil entscheet eng aner Zort vu Gäscht z'empfänken, an zwar Déieren.

Mat der Hëllef vun der Organisatioun „Wildlife Rehabilitation Ireland“ gouf de Café an eng Klinik fir wëll Déiere – déi éischt an Irland – ëmfunktionéiert. De Moment fënnt een do also eng Geess, e Fuuss a Schwanen.